Léif Memberen vun der ABIOL,

De Comité géif gäre folgend Informatiounen un iech weider ginn:
  1. Mëttwoch, den 12. Juni um 20h00 : Virtrag vum Dr. Andreas H. Segerer « Das große Insektensterben – Was es bedeutet und was wir tun müssen » am Hotel Parc Belle-Vue, 5, av. Marie-Thérèse, Luxemburg (salle Marie-Thérèse). De Virtrag ass organiséiert vum Mouvement Ecologique, dem Musée nationale d´histoire naturelle, der ABIOL, der plateforme Meng Landwirtschaft an der SNL. Weider Informatiounen fannt dier hei.

  2. D’ABIOL war aktiv un der gemeinsamer Prise de position vun ABIOL, Mouvement ecologique, MNHN, SNL an Natur&Emwelt zu de Schlussfolgerungen vun der IPBES-Studie zum Biodiversitéitsverloscht bedeelegt. Dir fannt d’Broschür zum Thema am Annexe.  D’Pressekonferenz wou d’Broschür virgestallt gouf hat eng gewëss Resonanz an der Presse.
0
0
0
s2smodern
powered by social2s