Léif Membere vun ABIOL

esou lues a lues kënne mer erëm ufänke mat Aktivitéite plangen, a mir hunn och schonns eng Réi flott Iddie fir d’Rentrée am Hierscht !

Nom Erfolleg vun der Aktioun Kéisécker, rifft de Mouvement Ecologique an den Oekozenter Pafendall an hir Partner ABIOL, SNL an natur musée, 2021 zur Aktioun Schléifer op. 
Et geet ëm de Gaardeschléifer, de Siweschléifer an d’Hieselmaus, déi europäesch Vertrieder vun der Famill vun de Schléifer (ob däitsch Schläfer oder Bilche), déi och zu Lëtzebuerg virkommen.
 
Ziel vun der Aktioun ass et mat der Hëllef vun interesséierten an engagéierte Matbierger*innen erauszefannen, wou et nach iwwerall Gaardeschléifer, Siweschléifer an Hieselmais zu Lëtzebuerg gëtt. Esou kënne bestoend Populatioune besser geschützt, d’Uspréch déi dës Déieren un hire Liewensraum stelle besser identifizéiert, an op de Schutz vun hire Liewensraim opmierksam gemaach ginn. 

Am Flyer (LU an FR) zur Aktioun ginn déi 3 Aarte virgestallt. Eng A3 Affiche wäert och geschwënn disponibel sinn. 
All weider Informatioune fannt Dir och op dësem Internet-Site.

Flott ass et dofir all Beobachtung vu Schléifer zB via d’App iNATURALIST ze mëllen, wéi genee dat geet ass um Flyer beschriwwen.