Léif Memberen, 

nodeems d’ABIOL schonns 2008 d’Aktioun Nossjuegd lancéiert hat, invitéiere mir Iech elo ganz häerzlech op d´ Online-Konferenz mam Wëldbiolog Johannes Lang (Uni Giessen / Institut für Tierökologie und Naturbildung) :

„ Siebenschläfer, Gartenschläfer und Haselmaus: Das Erwachen der Schlafmäuse! 
- Wer sie sind, wo sie vorkommen und wie und warum wir sie schützen sollten -
 
Mëttwochs, den 4. Mee 2022 um 19.30 Auer.
 
 
 
D´Konferenz ass iwwer Zoom. 
 
Fir drun deelzehuelen, ass eng Umeldung iwwer This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. oder per Telefon: 439030-1 erfuerderlech. 
 
De Zoom-Link gëtt duerno verschéckt. 
 

Dës Online-Konferenz gëtt am Kader vun der „Aktioun Schléifer” vum Oekozenter Lëtzebuerg, dem Mouvement Écologique an Zesummenaarbecht mat der ABIOL, der SNL  dem ‘natur musée’ an de Frënn vum ‘natur musée‘ organiséiert. 

Op meco.lu fannt der weider Informatiounen iwwert dës Aktioun.

Mir hoffen Iech zuelräich begréissen ze dierfen !