foto1
foto1
foto1
foto1
foto1
ABIOL (Association des biologistes luxembourgeois). Les buts de l'ABIOL: - resserrer les liens entre les biologistes des différentes carrières - défendre les intérêts professionnels des biologistes - défendre et de valoriser l’enseignement de la biologie aux différents niveaux - faciliter l’information de ses membres - rendre visible l’impact de la biologie dans la société (art 2 / statuts)

ABIOL-INFO

2 / 2009

 

 

Léif Memberen

Mir hoffen, dir hat all eng schéin an erhuelsam Vakanz a wënschen iech eng flott Rentrée.

Chaos bei de Programmkommissiounen : Mer wieren eis!

Kuerz virum Ënn vum Schouljoër koum d’Opfuederung vun der Erneierung vun de CNP vum EST. Opwuel mir eis zenter 3 Joër fir eng onofhängeg CNP-Bio-EST agesat hunn, wëll de MEN nees keng eegestänneg Programmkommissioun Bio maachen. Op eis Interventiounen huet de Ministär mat bürokrateschen Argumenter geäntwert. Mer sinn awer der Meenung, dass et wichteg ass eng CNP Bio ze hunn, déi eegestänneg Entscheedungen kann treffen an aus BiologiesprofessorInne besteet, déi iwwert Programmen vun Sciences Naturelles a vun 10e an 11e PS, kompetent, kënnen diskutéieren an decidéieren. Fir d’Meenung vun eise Memberen ze héieren an eiser Revendicatioun vun enger eegestänneger CNP-Bio Gewiicht ze ginn, invitéire mir Iech all op eng

 

Diskussiouns– an Informatiounsversammlung

fir eng CNP-Bio-EST

den 21.09.2009 um 17.00 am NOSL zu Dikkrech.

 

Et ass wichteg, dass mir zu vill eis Iddien kënnen austauschen a mir als Comité är Meenung kennen a vertriede kënnen. Besonnesch wichteg ass ët, dass all Lycéé Technique vertrueden ass.

Mer kënnen och dovu profitéieren fir den NOSL, en neit Gebäi, kennen ze léieren a vum Francis Schartz, Direkter vum NOSL, Informatiounen aus éischter Hand ze kréien.


Formation Continue am Kader vum Darwin Joëer 2009

Seminaire mam Prof D. Graf vun der Uni Dortmund zum Thema

« Kreationistische Argumente und was die Evolutionstheorie dazu sagt »

de 6. Oktober 2009

vun 09.00 bis 16.00 am AL (salle audio-visuelle)

 

Och zu Lëtzebuerg musse mir eis géint all kreationistesch Tendenzen an ID wieren, dofir ass dëse Seminär, am Kader vun der Formatioun Continue, wichteg an interessant.

Dëse Seminaire zielt als Formation continue fir all Biologiesenseignant/e

Umeldung iwwert www.script.lu


Visite vum Salon de l’Education zu Paraïs

Le salon européen de l’Education promet une multitude d’instants d’information, d’échanges et de rencontres dans le champ de l’univers éducatif français et européen.

Entrée gratuite pour les enseignants (ne pas oublier votre carte d’enseignant)

Dëst ass déi Geleegenheet fir souwuel Material wéi och déi aktuell franzéisch Schoulbicher kënnen ze léieren an unzekukken. Dëst ass besonneschn wichteg an interessant well eise ganze cycle moyen a supérieur muss nei opgestallt ginn.

Samsdes den 21. November 2009

 

Mam TGV:

Depart: 6 Auer 40 op der Gare – Dauer vun der Rees 2 Stonnen

Retour: Um 18h39 zu Paräis fort, arrivée op der Gare kurz virun 21 Auer

Präis fir TGV a Métro: 95-145€/Persoun (TGV Präis ass variabel)

Soubal mir är Reservatioun op This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. hunn, reservéiere mier den Ticket. Wat mer éischter reservéiren, wat den Ticket méi bëlleg ass.

Parallel sinn zu Paraïs vum 20.—22.10.2009 d’journées nationales de l’APBG zum Thema « génétique et évolution: un enjeu du XXIe siècle ».

Weider Informatiounen iwwert www.apbg.org an This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it..


Weider Aktivitéiten:

Konferenz vum Claude Meisch zum Thema:

« Charles Darwin, le darwinisme et la théorie moderne »

De 24.11 am LCD an de 26.11 2009 am AL

(organiséiert vun der SNL an der ABIOL)


Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad

 

 

Déi zweeten Editioun vun der Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad, déi vun der ABIOL an Zesummenaarbecht mam MEN, der ACHIL an der ALPHY organiséiert nwo 1gouf, kann als groussen Succès bezeechent ginn: 770 Schülerinnen an Schüler aus 24 Schoulen hunn un der Qualifikatioun deelgeholl. Déi beschten aacht Equipen (zu jeeweils 3 Schüler) hunn sech fir d’Finale qualifizéiert, dat waren : INS, NL, LCD, LGE, LJBM, LMRL, EE, AL. 

An der Finale waren praktesch Probleemer ronderëm Thema Mëllech ze léisen. E puer theoretesch Froën zu dem Sujet hunn d’Epreuve vun 3 Stonnen ofgeronnt. Dat beschte Resultat hunn déi dräi Schüler aus dem LJBM gemaach, virun dem LCD an dem LMRL. D’Remise des prix war am « natur musée » a Präsenz vun der Mme Minister Mady Delvaux.

 

D’Equipen vum LJBM an dem LCD hu Lëtzebuerg dann bei der EUSO (European Union Science Olympiade), déi vum 28. März bis den 5. Abrëll zu Murcia a Spuenien ofgehale gouf, vertrueden

 

 

 

 

 

 

Eis zwou Equipen konnten sech iwwert di 32st an di 34st Plaatz ënnert 40 Equipen freeën,, wat awer beweist, dat a punkto « Sciences » nach vill zu Lëtzebuerg ze maachen bleift.. Nieft der Competitioun stoungen do och kulturell an sozial Aspekter am Mëttelpunkt.

nwo 3

Déi grouss Zuel vun Schülerinnen a Schüler, déi bei dëser Editioun matgemaach hunn, beweist, dat den Intérêt un de Sciencen besteet an et gëlt deen weider ze ënnerstëtzen. Dofir wäert d’ABIOL sech och un der Organisatioun vun der drëtter Editioun vun der Naturwëssenschaftsolympiad bedeelegen. D’Qualifikatioun gëtt den 19. November 2009 ofgehalen,

Umelldungen fir d’Naturwëssenschaftsolympiad 2009/2010 gi bis den 11. November 2009 ugeholl. Detailer kommen an all Lycée.


0
0
0
s2smodern
powered by social2s