Lëtzebuerg huet ëm 1900 ronn 1,2 Milliounen Héichstammuebstbeem gezielt a wor en Exportland wat Uebst ugeet. Haut zielen eis Bongerten och als Liewensraum fir seelen a gefährdet Aarte wéi Steekauz a Wimpere-fliedermaus zu de bedreete Liewensraim zu Lëtzebuerg! Erhalen duerch Notzung ass d’Devise bei Ramborn zu Buer un der Sauer. Duerch d’Entwécklung a Vermaartung vu Cider zu Lëtzebuerg ginn am Oste vum Land erëm déi al Bongerte genotzt a nei Héichstammuebstbeem geplanzt, esou eleng iwwer 700 Uebstbeem an de lëschte Joeren an der Gemeng Mompech-Rouspert.

Wini: Mëttwoch de 7. Oktober 2020. Rendez-Vous ass ëm 17h30 zu Buer op der Sauer.

Dauer vun der Visitt: ca. 2 Stonnen

Programm

  • Geschicht vu Ramborn mat klengem Film, Visitt vum Haff, vun engem Bongert an de Produktiounsanlagen,
  • Degustatioun vun de 6-8 Zorte Cider & Perry.
  • Dono besteet d‘Méiglechkeet op d‘Wuermer Köeppchen zesummen eppes iessen ze goen.

Detailer kritt der no der Umeldung (Visite/Iessen) bis spéitestens Méindes, de 5. Oktober 2020 per Mail op d’Adress: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. zougeschéckt.

Aus COVID-Grënn ass d’maximal Zuel vu Participanten op 9 begrenzt (respektiv op 2mol 9 Perounen, wa mer 2 Gruppe maachen). D’Excursioun fënnt ënnert de gewinnte COVID-Sécherheetsmesure statt.