You are here: Home
D’ABIOL proposéiert den 18. Juni 2024 (14:00-17:00) eng Formatioun déi sech mat der praktescher Notzung vun de PASCO Sonden a vun der Software SparkVue an de Naturwëssenschaften an an der Biologie am ESC/ESG konzentréiert. D'Zil ass et, d'Participanten an der Handhabung vum iPad, der Software SparkVue an de PASCO Sonden ze schoulen.
D'Participante wäerte gewise kréien, wéi ee praktesch Experimenter mat der Software SparkVue opstellt an duerchféiert. Si wäerten och verschidde PASCO Sonde benotze kënnen a gewise kréie wéi ee Resultater/ Schüleraarbechten deelen, bezéiungsweis empfänke kann.
Mir ginn drop an wéi d'SparkVue Applikatioun an d'PASCO Sonde sënnvoll an divers Léierstrategien integréiert kënne ginn a proposéiere follgenden Oflaf: i) generell Aféierung, ii) Präsentatioun vun de Funktioune vun der SparkVue Applikatioun, iii) praktescht Schaffe mat konkrete Beispiller an Ateliere mat verschiddenen Sonden iv) Fro & Äntwert.
Ween un der Formatioun interesséiert ass, kann sech ënner follgendem Link aschreiwen.