50 Joer ABIOL | 19.06.2026

Léif Memberen

Geschwënn ass et esou weit : d’ABIOL feiert hier 50 Joer a wéi et sech fir esou e Jubiläum gehéiert, wëlle mir dëst Evenement feieren a géifen eis freeë wann dir dobäi wiert.

D’50 Joer Feier vun der ABIOL fënnt FREIDES, DEN 19. JUNI 2026 am OEKOSOPH am Pafendall um 18:30 AUER statt. No engem Mot de bienvenue follege 4 flott BioSlam Präsentatiounen ier mir dann op der ABIOL hire Gebuertsdag mat Iessen an Drénken ustoussen. Informatiounen zu den eenzelnen BioSlam Virträg fannt dir hei an eiser Invitatioun.

Wann dir deen Dag och bei der 50 Joer Feier dobäi wëllt sinn, biede mir iech, iech per Mail unzemellen (alexander.krajnc@education.lu) an är Participatioun iwwer de QR-Code an der Invitatioun ze bezuelen. Är Umeldung ass eréischt definitiv wann dir iech per Mail bei mir ugemellt AN är Participatioun bezuelt hutt.

Umelle kennt dir iech bis SONNDES, DEN 7. JUNI 2026 inclus. Sot eis och weg. Bescheed ob dir de VEGETARESCHEN Menü oder den NET-VEGETARESCHEN Menü wëllt hunn.

Mir freeën eis schonn drop den Owend mat villen vun iech verbréngen ze kënnen.


Kommentare

Kommentar verfassen

Entdecke mehr von Association des Biologistes Luxembourgeois

Jetzt abonnieren, um weiterzulesen und auf das gesamte Archiv zuzugreifen.

Weiterlesen