Pescatorea – D’Geschicht vun enger bedeitender Orchideeësammlung – Mi, 9. Juli 2025

Pescatorea (1860) ass den Titel vun engem bedeitende Wierk iwwert Orchideeën, déi de Jean Jules Linden no sengem orchidophile Mäzeen, dem Sammler a Banquier Jean-Pierre Pescatore genannt huet. 48 Orchideeë sinn op herrleche Chromolitografien vu Kënschtler gezeechent a vum Botaniker Linden beschriwwe ginn. D’Nationalbibliothéik gëtt dat Buch nei eraus an huet Fuerscher agelueden, d’Buch an d’Orchideeën aus naturwëssenschaftlecher, konschtgeschichtlecher, literatur- a kulturhistorescher a biografescher Perspektiv ze beschreiwen.

Bei der Presentatioun wäerten d’Historikerin Josiane Weber, de Biolog an Orchideeëspezialist Jean-Marie Mangen an den Naturwëssenschaftler Marc Biver diskutéieren iwwert de Jean-Pierre Pescatore, d’Biologie vun den Orchideeën, déi geckeg Orchidomanie am 19. Joerhonnert an d’Orchideeën an der Konscht.

An Zesummenaarbecht mat der Fondation J.P. Pescatore an der LUGA.

Weider Informatiounen & Umellen kann een sech hei.


Kommentare

Hinterlasse einen Kommentar