Léif Memberen,
D’ABIOL proposéiert eng Visite vun der aktueller Exposition temporaire « Sous les pavés, la nature » am Naturmusée mam Thierry Helminger, engem vun de Conservateurs vun dëser Ausstellung.
D’Visite ass Dënschdes, den 7. Oktober 2025 em 17h00 am Naturmusée.
Weider Informatiounen fannt der och um Site vum Naturmusée.
Aus organisatoresche Grënn, kann nëmmen eng begrenzten Zuel u Leit bei dëser Visite dobei sinn, dofir mellt ierch w.e.g. iwwert folgend E-Mail un: philippe.jeitz@education.lu
Deen selwechten Daag ass am Kader vun dëser Ausstellung em 18h30 eng Konferenz vum Dr. Alain Frantz, Conservateur am Naturmusée, iwwert d’Genetik vu Staddéieren. Et besteet dofir d’Méiglechkeet fir no der Visite vun der Ausstellung och un dësem Virtrag deelzehuelen. Weider Informatiounen an och de Link fir sech unzemellen, fannt dir hei.

Visite vun der Ausstellung « Sous les pavés, la nature »
—
by

Hinterlasse einen Kommentar