Hello Spring 25/26

Och dëst Joer lancéiere mir eng nei Editioun vum Concours „Hello Spring“ an hoffen, datt dir mat äre 7e-Klasse (ESG & ESC) matmaache wëllt. 
De Projet gëtt et schonns iwwer 20 Joer an et geet drëms d’Erwäche vun der Natur am Fréijoer ze dokumentéieren.

Op eisem Internetsite www.hellospring.lu fannt dir d’Aartelëscht, déi d’Schüler tëscht dem 3. Februar an dem 23. Mee observiere sollen. D’Schüler benotzen dofir d’App „Hello Spring“ déi dir souwuel am AppStore (iOS) wéi och am PlayStore (Android) fannt. Pro Observation sammele si Punkten a kennen zum Schluss souwuel en Eenzelpräiss wéi och e Klassepräiss gewannen.
Fir matzemaache kënnt dir Iech op eisem Internetsite umellen an dann är Klass dobäi setzen.

Zéckt net fir Iech bei eis ze melle wann Dir Froen hutt (info@hellospring.lu).


Kommentare

Hinterlasse einen Kommentar