
Wat ass d’ABIOL?
D’ABIOL versicht zu Lëtzebuerg engersäits all d’Biologinnen a Biologen ze regroupéieren an anerersäits och als Genre ‘Beruffsvertriedung’ hier Interêten an Uleies ze vertrieden. Nëmme wann mer eis engagéieren an zesummen optrieden, kënne mer eppes erreechen, sief et am Enseignement z.B. iwwert d’Förderung vun der Biologie an Emwëltthemen (z.B. Weiderbildung vun Enseignant’en, Naturwëssenschaftsolympiad an IBO, asw. …), am Lien tëscht Biologie an der Recherche oder sief et an der Wahrnehmung an dem Stellewäert vu biologeschen Themen an der Ëffentlechkeet …
Mir probéiere weiderhin och iwwert d’Organiséiere vun Aktivitéiten a Sortien en frëndschaftlechen a kollegiale Lien tëscht de Biologen zu Lëtzebuerg opzebauen an ze halen.
De Comité
Jacques PIR (President)

Philippe JEITZ (Tresorier)

Alexander KRAJNC (Sekretär)

Mike DE VOS

Anne FRISING

Valerie GIANNINI

Jessy KRIER

Thierry MARX

Christophe TERNES

