foto1
foto1
foto1
foto1
foto1
ABIOL (Association des biologistes luxembourgeois). Les buts de l'ABIOL: - resserrer les liens entre les biologistes des différentes carrières - défendre les intérêts professionnels des biologistes - défendre et de valoriser l’enseignement de la biologie aux différents niveaux - faciliter l’information de ses membres - rendre visible l’impact de la biologie dans la société (art 2 / statuts)

Léif Kolleegen a Kolleeginnen,

Den ‚Hello Spring‘-Projet staamt ursprénglech aus dem Lycée Michel Rodange an ass d’lescht Joer an Zesummenaarbecht mat der ABIOL an dem Naturmusée op en neits an d’Liewe geruff ginn. D’Zil vum Projet ass et, d’Schüler*innen (vu 7ème VP, ESG & ESC) dozou ze motivéieren, de Wandel vun der Natur am Fréijoer ze dokumentéieren. D’Observatiounen vun ënnerschiddlechen Zeigeraarten ginn op der Plattform „iNaturalist“ gedeelt an d’Temperatur gëtt iwwert de ganzen Zäitraum (Februar-Mee) gemooss. Kommunizéiert gëtt iwwer MS Teams an um Enn gëtt et fir déi motivéiertsten Schüler*innen bzw. Klass e klenge Präis ze gewannen.

An der Testphase 20/21, mat 4 Schoulen (21 Klassen), sinn ëm déi 3600 Observatiounen erakomm. 21/22 fënnt den „Hello Spring 2.0“-Projet am ganzen Land vum 31.01 – 06.05.2022 statt. 

Fir dat beschtméiglechst ze encadréieren an ze organiséieren, biede mir Iech, pro Gebai ee Responsabelen ze wielen an hei wier et och gutt, wa mindestens déi Persoun un enger vun eise Formatiounen deelhuelen géif. Hei kritt Dir erkläert:

  • wéi de Projet funktionéiert an opgebaut ass
  • wéi een d’Klassen aus sengem Lycée an den iNaturalist-Projet setze kann
  • wéi een de Projet praktesch an der Klass ëmsetze kann.

Umellen kann ee seng Klass bis de 24. Januar iwwer dëse Link

Mir hoffen, Iech an Är Klassen dëst Joer beim Projet dobäi zielen ze kënnen a freeën eis schonn op d'Fréijoer!

Léif Membere vun ABIOL

esou lues a lues kënne mer erëm ufänke mat Aktivitéite plangen, a mir hunn och schonns eng Réi flott Iddie fir d’Rentrée am Hierscht !

Nom Erfolleg vun der Aktioun Kéisécker, rifft de Mouvement Ecologique an den Oekozenter Pafendall an hir Partner ABIOL, SNL an natur musée, 2021 zur Aktioun Schléifer op. 
Et geet ëm de Gaardeschléifer, de Siweschléifer an d’Hieselmaus, déi europäesch Vertrieder vun der Famill vun de Schléifer (ob däitsch Schläfer oder Bilche), déi och zu Lëtzebuerg virkommen.
 
Ziel vun der Aktioun ass et mat der Hëllef vun interesséierten an engagéierte Matbierger*innen erauszefannen, wou et nach iwwerall Gaardeschléifer, Siweschléifer an Hieselmais zu Lëtzebuerg gëtt. Esou kënne bestoend Populatioune besser geschützt, d’Uspréch déi dës Déieren un hire Liewensraum stelle besser identifizéiert, an op de Schutz vun hire Liewensraim opmierksam gemaach ginn. 

Am Flyer (LU an FR) zur Aktioun ginn déi 3 Aarte virgestallt. Eng A3 Affiche wäert och geschwënn disponibel sinn. 
All weider Informatioune fannt Dir och op dësem Internet-Site.

Flott ass et dofir all Beobachtung vu Schléifer zB via d’App iNATURALIST ze mëllen, wéi genee dat geet ass um Flyer beschriwwen.

 

Tragen sie auch zum Erhalt der Bienen und Schmetterlinge bei und unterstützen sie diese Aktion des "mouvement écologique".

Weitere Informationen finden sie hier.