De Naturmusée an d’ABIOL bidden och dëst Schouljoer nees d’Formatioun "Déi pädagogesch Offer vum Naturmusée fir Klassen aus dem Enseignement Secondaire" (Code D2-b-41) fir all interesséiert Leit un.
Bei der leschter Editioun koum als Feedback fir d’Formatioun éischter am Schouljoer unzebidden, dofir hu mer deem Rechnung gedroen a proposéieren d’Formatioun lo schonn den 22ten Oktober 2024.
Hei fannt der de Link fir sech unzemellen.